From 14 years old
Tout public

Get-together / Panel discussion D’geschicht vum kanner- a jugendtheater zu lëtzebuerg, deel 2

Kulturgeschicht Lëtzebuerg
Free entry
Photo 1
Photo 2
Photo 3
Photo 1
Photo 2
© photo 1: Yves Conrardy / photo 2: Paulo Lobo / photo 3: Mike Zenari © photo 1: Yves Conrardy / photo 2: Paulo Lobo

Sorry, there’s no English version of this text.

Theater fir, vun a mat Kanner a Jonke gëtt et zënter 200 Joer zu Lëtzebuerg: an der Schoul, an de Veräiner, iwwer Land an op de grousse Bünen. Ob Märercher, realisteschen Theater, Theater mat Poppen, mat Objeten – lues a lues huet sech de Milieu ëmmer méi professionaliséiert mat Hëllef vun neien Offeren a Plazen. 2007 gouf de jonke Publikum an de Fokus vu Lëtzebuerg a Groussregioun, Kulturhaaptstad“ gestallt.

Wat ass zënterhier passéiert? Wou ass de Kanner- a Jugendtheater drun a wuer wëll en nach hin? Doriwwer schwätzt d’Christiane Kremer mam Jean Bermes, Betsy Dentzer, Laura Graser, Carole Lorang, Nathalie Moyen an Dan Tanson.