D’sandmeedchen

Eng Posch voller Dreem
Photo 1
Photo 2
Photo 3
Photo 1
Photo 2

Sprooch

Lëtzebuergesch

Alter

Ab 4 Joer

Säitenzuel

32

Dat éischt lëtzebuergescht
AR*-Kannerbuch !

De Sandmännche geet a seng wuelverdéngte Pensioun. Seng Duechter, d’Sandmeedchen, iwwerhëlt de Betrib a street elo all Owend de Kanner op der ganzer Welt Sand an d’Aen. Esou kënne se gutt schlofen a schéin dreemen.

Mee dem Sandmeedche seng Kusin, d’Nuecht, ass traureg a fillt sech eleng. Wa si owes kënnt, leien d’Kanner ëmmer scho laang am Bett. Wéi wier et, wann d’Nuecht einfach dem Sandmeedche seng Posch mam Sand géif verstoppen ?

Op der Sich no de Kanner hire verschwonnenen Dreem muss d’Sandmeedchen iwwer d’Wolleke reesen…

Text : Yorick Schmit / Illustratioun an Animatioun : Dirk Kesseler / AR : Virtual Rangers / Editeur : Rotondes a.s.b.l. / Co-Editeur : Kremart Edition s.à r.l. / Drock : Imprimerie Centrale / Lëtzebuerg 2021

Wat ass AR ?

*AR steet fir Augmented Reality, also fir erweidert Realitéit. Fir d’Biller lieweg ze maachen, braucht Dir eng App.

Luet d’App erof !

  • Maacht de Google Play Store oder den App Store op Ärem Smartphone oder Tablet op.
  • Luet d’gratis App Rotondes AR erof.
  • Klickt op SCAN a scannt d’Säiten, fir d’Illustratiounen ze animéieren.

Bestellung bei de Rotondes

Online : Klickt hei

Per E‑Mail : email hidden ; JavaScript is required

Per Telefon : (+352) 2662 2030, Dë-Fr >13:30 – 18:00

Präis : 24,90€ (Versandkäschten abegraff ; Versand nëmmen op Lëtzebuerg an Zonen 1, 2 an 3, post​.lu)

Am Buttek

D’Buch D’Sandmeedchen ass och an de Librairien disponibel. Frot roueg bei Ärem Libraire dono !