Viru laanger laanger Zäit, souz eng Famill iergendwou an Norwegen an hirem klengen Haischen an hat näischt z’iessen. Do huet de Mann sech op de Wee gemaach, eraus a Schnéi a Wand, fir säi räiche Brudder no enger Klengegkeet fir z’iessen ze froen. Op sengem Wee duerch de Bësch ass en awer beim Däiwel an der Hell gelant a koum do bei eng Zaubermillen… eng Zaubermillen, déi säi Liewe verännert huet.
Wierder, Zeechnungen a Musik loossen dës Zaubermillen dréinen, muelen an dréinen a muelen… mä wéi kréie mer se dozou, nees opzehalen?!