À partir de 4 ans

Spectacle / Théâtre Zongenzodi

Erzielkonscht (LU)
Photo 1
Photo 2
Photo 3
Photo 1
Photo 2
© photo 1, 2 & 3 : Patrick Galbats © photo 1 & 2 : Patrick Galbats

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

Eng Geschicht fänkt vir un an hält hannen op. Zwar net ! Haut op d’mannst maache mer alles verkéiert a béien et nees gerued. A vläicht bleiwen dono e puer wonnerschéi kleng Bëlzen dran. Well wann hanne vir a vir hannen ass, da ka riicht kromm sinn a kromm och riicht, an alles ass nees genee esou, wéi et soll sinn ! Oder net ?

Komm mir setzen den Z op den A an en T virun all Wuert ! Wann dann d’Wierder esou richteg schéi geckeg d’ënnescht d’iewescht bonzelen, da kriss de e Knuet an d’Zong… oder an d’Oueren ? Oh meng Modi, wat en Zodi, voller Freed um Duercherneen !

Konzept an Interpretatioun : Luisa Bevilacqua, Betsy Dentzer / Zeenografie a Kostümer : Peggy Wurth / Kënschtleresch Begleedung : Ela Baumann, Jean Bermes, Claire Parsons / Luuchtendesign : Domenic Koehler / Koproduktioun : Escher Theater, Erzielkonscht a.s.b.l. / Kreatioun Februar 2023

Laden Sie die pädagogische Mappe herunter (PDF)

Laden sie das saalprogramm herunter (PDF)