À partir de 6 ans

Spectacle / Erzielung mat musek Héngerhautgeschichten

Kopla bunz (LU)
Complet
Photo 1
Photo 2
Photo 3
Photo 1
Photo 2
© photo 1 & 2 : Bohumil Kostohryz © photo 1 & 2 : Bohumil Kostohryz

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

Fir t’éischt spiers du et am ënneschte Réck. Dono krabbelt et gaaanz, gaanz lues laanscht d’Wirbelen de Réck erop, léisst sech kuerz tëscht de Schëllerblieder nidder, éier et säi Wee bis hannert d’Ouere fënnt. Dacks schläicht et sech och nach iwwert d’Schëlleren d’Äerm erof. Et gëtt dir waarm, et gëtt dir kal. De Bauch zitt sech fäertereg zesummen, mee d’Ouere spëtzen sech gespaant an d’Däischtert …

Zesumme verwéckelen d’Erzielerin Betsy Dentzer an d’Musekerin Louisa Marxen de Publikum an en abstrakt Spill mat Luucht, Schiet an absolutter Däischtert. Mat verschiddenen Instrumenter an Objete gëtt dëst Spill nach weidergedriwwen, fir sech zesumme mam Publikum sou richteg schéin ze grujelen.

Konzept, Textaarbecht, Erzielung : Betsy Dentzer / Konzept, Perkussioun : Louisa Marxen / Bün : Betsy Dentzer, Louisa Marxen / Kostüm : Alexandra Lichtenberger / Berodung Luucht : Krischan Kriesten / Bléck vu baussen : Jean Bermes / Produktioun : Kopla bunz a.s.b.l. / Koproductioun : Trifolion Iechternach, Kulturhaus Nidderaanwen, Cube 521 Maarnech / Ënnerstëtzung : Ministère de la Culture / Kreatioun Oktober 2022

Programme de salle de HéngerhautGeschichten